Actualité

Aweiung vum Tourismusprojet "Péitche Lauer"

D'Gemeng Useldeng an de Syndicat Intercommunal „De Réidener Kanton“ haten op déi offiziell Aweiung vum gemeinsamem Tourismusprojet „Péitche Lauer“ de 5. Juni 2019 invitéiert.
Eng sëllech Gäscht e.a. aus der Politik, Vertrieder vun de Corps de Métier, an de Veräiner aus der Gemeng Useldeng haten de Wee op Useldeng fonnt.
No der Receptioun mat Usprooch vum Buergermeeschter vun Useldeng , de Riede vum President vum Réidener Kanton an dem Tourismusminister stoung uschléissend eng Visitt vun de MushRooms, dem Pavillon & Hotel-Brasserie um Programm iert et als Ofschloss zum Walking Dinner koum.