Actualité

Message vum Buergermeeschter am Virowend vum Nationalfeierdag 2020

Léif Matbiergerinnen a Matbierger!

Dësen Nationalfeierdag 2020 ass een aneren wéi soss, ongewinnt, ouni Te Deum, ouni Participatioun vun de Veräiner,ouni Cortège, ouni Medaileniwwerreechung, ouni de gemeinsamen Buffet, ouni Ambiance, Stëmmungs-Musik asw.

De Grond dervun kennen mer alleguerten an mir huelen och déi Erausfuerderung mat stoescher Geloossenheet a mat vill Disziplin un; genee esou wéi mer dat lo schonns iwwer 2 Méint am Lockdown gemaach hunn.

Eis Virfahren hunn an deem mäerdereschen 2. Weltkrich nach méi Entbierungen missten op sech huelen an als positiv agestallten Biergerinnen a Bierger sollten mer dat Gutt aus der onverhoffter Zwangsisolatioun zéien.

Mir kruten mol rëm d´Zäit eis op eis selwer ze besënnen, eis schéin Gemeng mat senger idyllescher Atert a senger intakter Natur e bësselchen méi genee ze observéieren a mir sinn zur Schlussfolgerung komm, dass d´Liewensqualitéit dach bei eis nach eng aner ass, eng ganz héich souguer an nit ze vergläichen mat där an Groussstied, an Ballungszenteren an an Industriegebidder.

Jo, och bei eis gëtt de Moment vill gebaut, mee mam neien Bebauungsplang hunn mer eis d´Méiglechkeet ginn, kontrolléiert ze wuessen an dobäi eent schaarft Aen op alles ze werfen, wat zu enger kontraproduktiver Entwécklung kéint bäidroen.

Grad op Nationalfeierdag sollten mer eis besënnen firwat mer dach awer haut sou staark als Gemeinschaft, als Gemeng an als Staat sou do stinn.

Vum selwen ass dat nit gaangen an do waren ëmmer gutt a staark Kräften derbäi, déi gehollef hunn eis Regioun an eist Land no vir ze bréngen.

Gewëss, et war och eng gutt Portioun Gléck derbäi, wéi mer, nach wärend der Stolkris an de Siwwenzeger Joren am Finanzsecteur nei Pisten konnten fannen, nei Aarbechtsplazen konnten schafen an an aneren Beräicher d´Ëmstrukturéierung weider dreiwen.

Mir stinn als Lëtzebuerger Land haut ganz staark do an mir ginn duerfir vun eisen Nopeschlänner an op der ganzer Welt bewonnert an awer och beneit...

An duerfir heescht et höllisch oppassen, dass d´Rad vun der Geschicht sich nit rëm dréint an dann zu eisen Ongonschten ausfält.

Mir sinn mat Europa grouss ginn, souwuel um ekonomeschen wéi politeschen Plang, awer de Coronavirus huet eis och däitlech virun Aen gefouert, wéi fragil dat Europa de Moment agéiert!

Eis grouss Noperen hunn vun haut op mar nëmmen méi u sech geduecht, hunn hir Grenzen zu Lëtzebuerg  zou gemaach an hunn eis dobäi mol nit gefrot.

Dat muss eis ze bedenken ginn, genausou wéi d´Opkommen vum Egoismus, vum Nationalismus, Rassismus, Friemenhaass a vun der Gewalt, déi doraus resultéieren.

Lëtzebuerg ass staark duerch seng geografesch Lag, duerch seng verschiddenaarteg Ekonomie, duerch säin Knowhow a villen sofistikéierten Gebidder, duerch seng Flexibilitéit, mee virun allem och duerch säint multikulturellt Zesummeliewen an säin sozialen Fridden.

Seng Oppenheet fir Europa an dat friddlecht Zesummeliewen vun allen Bevëlkerungsschichten ginn eis deen Virsprong vis-à-vis vun groussen Natiounen, deen mer brauchen, fir als klengt Land kënnen ze iwwerliewen.

Mir feieren eisen Nationalfeierdag dëst Joer doheem, an eiser Famill oder bei Frënn, am klengen Krees, sou wéi dat vun eis verlaangt gëtt, awer an der Iwwerzeegung dass mer zesummen duerch deck an dënn kënnen goen, wann et dann muss sinn.

Mir entbidden dem Garant vun eiser Fräiheet an Onofhängegkeet op dësem Dag, dem Grand-Duc Henri  a senger Famill, déi  jo och nach rezent duerch d´Gebuert vun deem klengen Prënz Charel d´Trounfolleg ofgeséchert huet, eis Sympathie an Unerkennung a wënschen eis all, dat mer dat nächst Joer ënner normalen Konditiounen, méi intensiv feieren ze kënnen.

Bleift eis all gesond!

Vive de Grand-Duc a seng Famill,

Vive Lëtzebuerg,

Vive d´Gemeng Useldeng.

 

Äre Buergermeeschter:

Pollo Bodem