Den Nationalfeierdag gouf dëst Joer an der Gemeng
Useldeng um Dag selwer, Sonndeg, den 23. Juni 2019 zu Useldeng gefeiert.
De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der
Harmonie Useldeng an de Pompjeeën aus der Gemeng goung um 10.15 Auer am
Millenhaff zu Useldeng fort.
Den offizielle Festakt war no der Mass an dem Te
Deum beim „Monument aux morts“, wou eng Gerb niddergeluecht gouf. D’Usprooch
vum Buergermeeschter a d‘Medailleniwwerreechung goufen am Schlasshaff vun der
Useldenger Buerg ofgehalen.
D’Kulturfrënn Useldeng haten ab 13.00 Auer op hiert traditionellt Volleksfest
invitéiert. Fir d’Editioun 2019 haten si sech eng nei Formule afale gelooss fir
dëst Fest anescht ze gestalten.
Deemno huet no dem offiziellen Deel de Cortège op de Fussballterrain gefouert,
wou dunn den uschléissenden Éierewäin dëst Joer eng éischte Kéier op der „place
de rencontre“ um neie Fussballterrain zerwéiert gouf.
Dësen "point de rencontre" mat dem neien Pavillon a senger Grillplaz
war eng ideal Plaatz fir dësen Dag ze zelebréieren, an d’Iddi ass bei de Leit
gutt ukomm. Mat der Hëllef vum Club des Jeunes Useldeng, déi fir dat leiflecht
Wuel gesuergt hunn, a mat dem sonnege Wierder stoung dem Gelénge vun dësem
schéinen Dag näischt méi am Wee.